Fir eng gesond
Screen-Life-Balance
vun eise Kanner

Dee richtegen Equiliber fannen tëschent dem Digitalen an dem Analogen,
tëschent dem virtuellen an dem richtege Liewen,
tëschent dem Ecran an de ganz reelle mënschleche Relatiounen:
Doheem. An der Schoul. An der Gesellschaft.

  • Fir eng gesond Screen-Life-Balance vun eise Kanner
  • Fir eng responsabel Notzung vun der Kënschtlecher Intelligenz an der Schoul
  • Fir e Stäerke vun den digitale Kompetenzen an der Schoul
  • Fir eng administrativ Vereinfachung am Bildungsberäich
  • 0-4 Joer

    Activity Box : Eng Këscht voller Iddie fir Aktivitéiten an der Famill

    Kleng Kanner entdecken d’Welt virun allem duerch sensoresch Aktivitéiten an Interaktioune mat Erwuessenen an anere Kanner. Fir dës gemeinsam Momenter ze fërderen, stellt den Eltereforum vu Mee un Activity Boxes zur Verfügung. An dëse klenge Wallissen ass e Buch, e Spillduch, e Stoffdéier, e Figet Toy, e Motorik-Wierfel, e Molbuch an e Katalog mat Iddie fir Familljenaktivitéiten. Et ass och Plaz dran, fir dem Kand säi Petzi oder seng Liblingsspillsaach ze verstauen. Dës handlech Spillkëschte sinn einfach matzehuelen, an d’Eltere kënnen se iwwer d’Websäit vum Eltereforum reservéieren an an der regionaler Antenn vum Eltereforum ofhuelen.

  • 0-4 Joer

    Déi non-formal Bildung dobaussen an der Natur fërderen (Bëschcrèchen)

    Vill Kanner verbréngen ze vill Zäit dobannen an et feelt hinnen u Beweegung an Aktivitéiten an der frëscher Loft. Fir dogéint virzegoen, ënnerstëtzt de Ministère déi non-formal Bildung dobaussen an der Natur schonn ab dem fréien Alter. D’Konzept vun de Bëschcrèchë soll deemno ausgebaut ginn. Déi nei Initiativ „Accueil an der Natur“ gëtt  lancéiert, fir d’Schafung vun esou Strukturen nach méi attraktiv ze maachen. Op Basis vu bewäerte Praktike gëtt e rechtlechen, finanziellen a pedagogesche Kader ausgeschafft, fir d’Gestionnairen ze ënnerstëtzen, an dëst bis d’Rentrée 2026/2027. Parallel dozou gëtt d’Plattform „Dobaussen aktiv“ mat pedagogesche Beispiller am engem Guide (Vademecum) ausgebaut, fir d‘Crèchen, d‘Schoulen an d‘Familljen zu méi Aktivitéiten an der frëscher Loft ze inspiréieren. Esou soll d’Entwécklung an dat physescht a mentaalt Wuelbefanne vun de Kanner gestäerkt ginn.

  • 4-12 Joer

    Méi Beweegung an de Bildungs- a Betreiungsstrukturen

    Fir d’kierperlech Aktivitéiten an d’Wuelbefanne vun de Kanner an de Bildungs- a Betreiungsstrukturen (Maison-relaisen, Foyeren, …) ze fërderen, gëtt den deegleche Programm ëm zwou Sports, Beweegungs- a motorikbaséiert Aktivitéiten erweidert. Bis d’Päischtvakanz sollen d’Strukturen e Konzept ausschaffen, op Basis vun deem de Ministère zousätzlech Ressourcen zur Verfügung stelle kann. Ab der Rentrée 2025/2026 mussen dës Aktivitéite vun der Struktur selwer oder a Kooperatioun mat der LASEP oder lokale Sportsveräiner ugebuede ginn. All Dag, och an de Vakanzen, mussen deemno zwou Aktivitéite fir d’Kanner ugebuede ginn.

  • 4-12 Joer

    Kreatioun vu Ludothéiken an der Maison relais

    Gesellschaftsspiller hunn eng wichteg Roll an der Entwécklung vun de Kanner: Si fërderen d’Konzentratioun, d‘Gedold, d‘Verantwortungsbewosstsinn, d‘Logik, d’strategescht Denken, d’Beuechte vu Reegelen an d’Verstoe vun de Konsequenze vun hiren Entscheedungen. Fir dass all Kand dovu profitéiere kann, ënnerstëtzt de Ministère d‘Bildungs- a Betreiungsstrukturen (Maison-relaisen, Foyeren, …) bei der Kreatioun vu Ludothéiken. Dobäi stellt de Ministère Ressourcen zur Verfügung, fir Spiller an dat néidegt Material ze kafen, a begleet d’Strukture bei der Ëmsetzung. Dës Ludothéike ginn de Kanner d’Méiglechkeet, Spiller, Equipementer a Material fir Fräizäitaktivitéite mat Frënn oder der Famill ze entdecken an auszeléinen, ganz nom Modell vun enger Schoulbibliothéik. Eng Pilotphas mat sechs Strukturen ass schonn ugelaf.

  • 4-12 Joer

    Kulturell, kënschtleresch a kreativ Aktivitéiten an der Maison relais

    De fräien Zougang zur Kultur spillt eng wichteg Roll an der Entwécklung vun de Kanner, an dëst zousätzlech zu kierperlechen a spillereschen Aktivitéiten. Vun der Rentrée 2025/2026 u mécht de Ministère d’Plattform kulturama.lu, déi aktuell de Grondschoulen zur Verfügung steet, och fir d’Strukturen aus der non-formaler Bildung zougänglech. D’Bildungs- a Betreiungsstrukturen (Maison‑relaisen, Foyeren, …) kënne sech do d’Offer vun de Kulturinstitutiounen an hire Programmer fir Kanner ukucken. D’Plattform erliichtert och de Kontakt mat Kënschtlerinnen a Kënschtler aus ënnerschiddleche Beräicher (Theater, Literatur, duerstellend Konscht, Musek, Design…), déi bereet sinn, an de Strukturen aktiv matzeschaffen.

  • 4-12 Joer

    Pedagogesch Programmer ronderëm Kreativitéit, Kultur a Beweegung

    Fir d’Entfale vun de Kanner a Jonken ze fërderen, setzt de Ministère op Initiativen, déi Kreativitéit, Kultur a Beweegung an de Schoule valoriséieren. Vu September u gëtt e Prototyp vum Beweegungstrolley, mat ronn 80 Aktivitéiten a passendem Material, an der Grondschoul getest, fir dass d’Klasse selbststänneg domat schaffe kënnen. De Projet „De beweegleche Gank“ verwandelt d‘Couloiren an der Schoul an an de Maison-relaisen a spilleresch Beräicher, déi d’Beweegung fërderen. Am Juni 2025 feiert déi drëtt national Beweegungswoch d’Wuelbefannen an der Schoul. D’Initiativ APPLAUS stäerkt d’Kreativitéit, andeems se Musek, Theater an Danz verbënnt. Vum Schouljoer 2025/2026 u stellt dëse Programm de Léierkräfte Ressourcen zur Verfügung, fir interdisziplinär Projeten ze entwéckelen. Donieft bitt d’Plattform Level Up Concoursen an Erausfuerderungen, déi déi wëssenschaftlech, sportlech a sozial Kompetenze vun de Schüler stimuléieren.

  • 4-12 Joer

    Méi Ënnerstëtzung beim Gebrauch vun digitalen Outilen

    Heiansdo ass et schwéier, e Gläichgewiicht tëscht analogen Aktivitéiten an der digitaler Welt ze fannen, och an de Strukture vun der non-formaler Bildung. Fir dës Strukturen an hiren Demarchë fir eng besser Screen-Life-Balance ze ënnerstëtzen, mécht de Ministère a Kooperatioun mat Arcus vun der Rentrée 2025/2026 un de Ressourcenzenter Digiloom am Garer Quartier an der Stad Lëtzebuerg op. Dëse Ressourcenzenter bitt Berodungen an eng spezialiséiert Begleedung un, fir déi digital Outilen op eng sënnvoll Manéier an den Alldag ze integréieren. Ausserdeem gi Formatioune ronderëm d’Mediebildung an d’Mediekompetenz ugebueden.

  • > 12 Joer

    Eng zousätzlech Stonn Sport fir d’6e an d’5e

    Sport a kierperlech Aktivitéiten droen entscheedend zum Wuelbefannen an zur Entwécklung vun de Jonke bäi. Well de Ministère weess, wéi eng wichteg Roll de Sport spill, gëtt säi Stellewäert am Léierplang op den ënneschte Klasse vum Lycée nach eemol gestäerkt. Vun der Rentrée 2025/2026 u kritt d’6e eng weider Stonn Sport d’Woch bäi, sou dass déi gesamt Unzuel u Sportsstonnen, wéi och op der 7e, op dräi Stonnen d’Woch eropgesat gëtt. Fir d’5e gëtt dës Mesure ab der Rentrée 2026/2027 ëmgesat. D’Stonnepläng ginn entspriechend ugepasst.

  • > 12 Joer

    E Referenzkader fir para- a periscolaire Aktivitéiten

    D’para- a periscolaire Aktivitéite spillen eng wichteg Roll an der Entwécklung vun deene Jonken. Si brauche Plazen, déi hinne gehéieren: Raim, wou si zesumme kënnen u Projete schaffen, gemeinsam Erfarunge maachen, zum Beispill duerch kreativ Aktivitéiten oder sozialen Engagement, awer och einfach Plazen, wou si kënnen entspanen. Fir d’Offer an all Lycée besser ze strukturéieren an ze harmoniséieren, gëtt e Referenzkader agefouert. Dëse gesäit och vir, d’Offer vum Jugendtreff auszebauen, Treffpunkter an de Jugendhäiser fir déi Jonk ze schafen a Ludothéiken an de Lycéeën anzeféieren.

  • > 12 Joer

    Ech gestalte meng Schoul

    D’Schoulhäff si vill méi ewéi einfach eng Plaz fir d‘Paus: Hei kann ee sech begéinen, entspanen an sech ausdrécken. Fir dës Plazen nach méi dynamesch a beräicherend ze gestalten, ënnerstëtzt de Ministère d’Schoulen, fir kierperlech Aktivitéiten a kreativ Initiativen am Schoulhaff ze entwéckelen. De Projet gëtt participativ ëmgesat, an d‘Schülercomitéë ginn aktiv mat abezunn. Zesumme mat den Educateuren aus dem sozio-edukative Service kënnen d’Schüler hir Iddien erareechen, wéi si sech e modernen a villfältege Schoulhaff virstellen. Méiglech Gestaltunge sinn z. B. Pingpong-Dëscher, Schach, Padel-Equipement souwéi Workshoppen iwwer Urban Sports, gesond Ernierung oder Gaardebau. De Start vum Projet ass fir d’Rentrée 2025/2026 virgesinn.

  • > 12 Joer

    D’Offer u sportlechen Aktivitéite fir déi Jonk ausbauen

    An de Vakanze baut den SNJ seng Offer u sportlechen däitlech aus, sief et mat Dagesaktivitéiten oder Kolonien iwwer e puer Deeg. Déi Jonk kënnen Urban Sports entdecken (Disc Golf, Slackline, Akrobatik, Jonglage, Roundnet) oder vun de Wasseraktivitéiten zu Lëlz profitéiren (Rudderen, Seegelen, SUP-Yoga, Pumptrack mam Vëlo a Skateboard). Weider ginn Ateliere iwwer d’Wuelbefannen, eng gesond Ernärung a kierperlech Aktivitéiten ënnert dem Label GoodFoodLoop organiséiert. D’Offer u sportleche Kolonien am In- an Ausland gëtt, mat Programmer wéi der Seegelschoul, dem Abenteuer Skandinavien, der Zirkuskolonie oder Sport, Fräizäit, Sprooch gestäerkt. Iwwert d’Joer ginn och Initiatiounsstagë fir verschidde Sportaarten an Zesummenaarbecht mam Sport-Krees Atert ugebueden. En Highlight am Summer ass de Summerchallenge – en dynameschen a lëschtegen Event fir Gruppe vun 3 bis 6 Jonker am Alter vun 13 bis 21 Joer. Den SNJ wäert och Aktivitéiten um Campus scolaire Geesseknäppche proposéieren, sief et eleng oder a Partnerschaft mat aneren Organisatiounen, fir d’Sportinfrastrukturen och an der Vakanzenzäit optimal ze notzen.