Aktiounsplang sécher.digital

D’Screen-Life-Balance ass mat de Recommandatioune fir Elteren an de virgesinne Moossnamen an de Bildungsstrukturen een Element vum Aktiounsplang sécher.digital, deen de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend an deenen nächste Méint a Joren entwéckelt.

Eppes ass sécher: D’Zukunft wäert digital sinn – an der Educatioun, an der Beruffswelt an och an eisem soziale Liewen. D’Fro ass net ob, mee wéi mir eis Kanner an eis Jonk op déi digital Zukunft virbereeden. Dowéinst ass et wichteg, si staark ze maachen an hinnen ze hëllefen, déi digital Kompetenzen ze entwéckelen, déi si an Zukunft brauchen.

Gläichzäiteg ass et wichteg, eise Kanner a Jonken ee geschützte Raum ze bidden, an deem se sech ouni Gefor beweege kënnen a sech sécher fillen. Et geet net nëmmen drëm, hinnen Zougang zu den digitalen Technologien ze ginn, mee och, hinne bäizebréngen, wéi se déi Technologien verantwortungsvoll notze kënnen.

sécher.digital vermëttelt soumat d’Gläichgewiicht tëscht Fortschrëtt a Sécherheet.

Déi véier Piliere vum Aktiounsplang sinn déi follgend:

Fir eng gesond Screen-Life-Balance vun eise Kanner

Dëse Pilier ëmfaasst eng Rei vu Recommandatioune fir d’Bildschiermzäit, mee och fir eng sécher Navigatioun an der digitaler Welt an ee gesonden Equiliber tëscht Ecranen an der realer Welt. E proposéiert och analog Aktivitéiten.

Fir eng responsabel Notzung vun der Kënschtlecher Intelligenz an der Schoul

De Ministère wäert d’Potenzial vun der Kënschtlecher Intelligenz (KI) fir de Schoulsystem mat dësem Haaptzil ermëttelen: d’KI asetzen, fir d’Enseignanten an d’Schoulpersonal ze entlaaschten, fir datt si op der Aarbecht méi Zäit fir d’Schüler opbrénge kënnen. Des Weidere wäert d’KI dobäi hëllefen, Enseignements- a Léierprozesser besser un d’Besoine vun all eenzele Schüler unzepassen. Beim Ausschaffe vun der Strategie sécher.digital gëtt och de rechtlechen an eethesche Kader festgeluecht, an deem d’KI sech an der Schoul entwéckele kann. Bei dësem Prozess gëtt d’Notzung vun der KI dauernd iwwerwaacht an evaluéiert, mee et gëtt och permanent den Dialog gesicht mat de Prestatairë vun Uwendungen an deem Beräich.

Fir e Stäerke vun den digitale Kompetenzen an der Schoul

De Ministère fiert mat senge Beméiunge vun de leschte Jore virun, fir de Schüler déi digital Kompetenzen ze vermëttelen, déi si fir ee bewossten a sécheren Ëmgang mat digitalen Outile brauche gradewéi fir d’Notze vum Potenzial vun digitalen Applikatiounen an den Ëmgang mat domat. D’Aféierung vum Coding an der Grondschoul a vum Cours Digital Sciences an den ënneschte Klasse vum Secondaire, d’Diversifikatioun vun der Schouloffer duerch Sektioune mat Schwéierpunkt op den neien Technologien esouwéi d’Integratioun vun digitale Medien an d’Schoulprogrammer bilden d’Fundament fir nei Projeten, déi digital Kompetenze promouvéieren.

Fir eng administrativ Vereinfachung am Bildungsberäich

De Ministère wëll dat ganzt Potenzial vun digitale Léisungen notzen, fir d’administrativ Aarbecht, mee och d’Demarchë vun den Acteuren am Bildungsberäich ze vereinfachen. D’Plattform eduGuichet, déi 2023 agefouert gouf, gëtt kontinuéierlech weiderentwéckelt. Aner digital Léisunge fir de Bildungsberäich gi jee no Besoin ëmgesat.