Ech gesinn eppes, dat’s du net gesäis ! Strategien géint Falschnoriichten a Verschwierungstheorien
Am Alldag gi mir mat villen Informatioune konfrontéiert, déi eis Meenungsbildung beaflossen. Och fir Erwuessener a gutt informéiert Bierger*innen ass et net ëmmer einfach ze erkennen, ob dës Informatiounen zouverlässeg sinn. Dozou droe Filterblosen, Desinformatioun an Verschwierungstheorië bäi, awer och d’Aart a Weis, wéi mir op nei Informatioune reagéieren.
Am Kader vun dësem Workshop léiere Participanten de Web-Tool filterbubble.lu kennen, dee vum Zentrum fir politesch Bildung entwéckelt gouf, souwéi d’Grënn, firwat eist Gehier ëmmer erëm op Falschmeldungen erafällt.