Iddiekëscht fir bildschiermfräi Zäit
Wéi kënne mir Zäit ouni Bildschirm gestalten? Wat mëcht eis/mir/dir Freed? Op wat hu mer Loscht? Wat passt bei eis? An engem gemittleche Kader iwwerleeë mir eis zesummen Alternativen zum Bildschierm a gestalten eng perséinlech Iddiekëscht déi mir duerno kënne mat heem huelen. Froen, Iwwerleeungen an Informatioune ronderem de Gebrauch vu Bildschiermer an der Famill kënnen an dësem Atelier thematisiert ginn.