Kanner, Jugendlecher an den Internet – Eng Erausfuerderung fir d’Elteren
Kanner, Jugendlecher an den Internet – Eng Erausfuerderung fir d’Elteren
Fir hire Kanner déi sécherst méiglech Online-Erfarung ze bidden, mussen d’Elteren sech de souwuel de Chancë wéi och de Risike vun der Internetnotzung bewosst sinn. Dobäi stellen sech d’Elteren dës a vill aner Froen: Vu wéi engem Alter un däerf mäi Kand säin eegene Smartphone hunn? Wéi laang däerf mäi Kand virun de Bildschiermer verbréngen? Wéi kann ech mäi Kand géint Mëssbrauch a Cyber-Mobbing schützen? Wéi kann ech d’Elterekontrollinstrumenter effizient asetzen?
Inhalt: Op Basis vum Guide « Les écrans en famille » (https://www.bee-secure.lu/fr/publication/les-ecrans-en-famille-gerer-eduquer-et-accompagner/), organiséiert BEE SECURE en Informatiounsowend fir Elteren, déi un d’familiär Liewenssituatioun ugepasst ass, an déi Rotschléi fir eng méiglechst sécher a verantwortungsvoll Notzung vun digitalen Technologien an dem Internet gëtt. Dës Veranstaltung fir Eltere kann och online stattfannen.