Fir eng gesond Screen-Life-Balance vun eise Kanner
29 Oct. 2024 18:00 - 20:00

Coût de l'activité

Gratis

Langues

  • FR

Prestataire(s)

Webinar: Jugendlecher an digital Medien – Ass (nach) alles an der Rei?

Als Elteren ass et net ëmmer einfach, seng Kanner/Jugendlecher am Dschungel vun den digitale Medien ze begleeden. Hautdesdaags si digital Medien awer Deel vum Alldag. An der Schoul oder op der Aarbecht kënnt ee bal net méi laanscht se. Och wann se vill positiv Eegenschafte matbréngen, ass et haaptsächlech d’Dauer vun der Notzung, déi dacks zu Diskussiounen an de Famillje féiert. Den

Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht (ZEV) luet Iech an, fir iwwert déi follgend Punkten ze diskutéieren/informéieren:

– Firwat faszinéieren digital Medien esou vill? – Firwat ass et wichteg, net direkt vun enger Sucht ze schwätzen? – Wat kann ee maachen, wann et schonn “schwéier” ass? – Wéi kann een eng exzessiv Notzung vun digitale Medie vermeiden?

Fir Eltere vu Kanner tëschent 10 a 16 Joer.

Weider Informatiounen: eltereschoul@kannerschlass.lu