Fir eng gesond Screen-Life-Balance vun eise Kanner
16 Oct. 2024 19:30 - 21:00

Coût de l'activité

Gratis

Langues

  • LU
  • FR
  • DE

Prestataire(s)

Webinar: Sécherheet vun de Kanner am Internet – Outilen, Techniken a Rotschléi

D’Kanner vun haut wuessen an enger Welt op, wou d’Medien Deel vun hirem Alldag sinn. Mat der Omnipresenz vum Internet doheem an duerch déi vill Touchscreens kënnen och déi ganz Kleng Smartphonen an aner Outilen notzen. Mee net all Inhalt am Internet ass fir Kanner ugepasst. Dowéinst ass et wichteg, net nëmmen d’Kand bei sengen éischte Schrëtt mat dësen Apparater ze begleeden, mee och sécherzestellen, dass se richteg agestallt sinn.

Inhalt: Am Laf vum Webinar gëtt den Elteren erkläert, wéi eng Astellungen, Programmer an aner Methoden d’Sécherheet vum Kand um Internet verbessere kënnen.

Elterenowend op Lëtzebuergesch, Froen a Gespréicher si op Franséisch oder Däitsch méiglech.