Wéi vill Zäit hutt Dir haut hanner engem Ecran verbruecht? Wann Dir zeréckkuckt: Wat hunn déi Stonnen a Minutten Iech bruecht?
Ecrane bidden e Bléck op d’Welt. Si ginn Accès op eng Hellewull vun Informatiounen a gläichzäiteg op gigantesch virtuell Fräizäitparken. Mee si kënnen och eis ganz Opmierksamkeet op sech zéien an eis an enger „digitaler Blos“ aspären. D’Kanner si genee esou betraff wéi d’Elteren.
Fir eng verantwortlech Notzung vun Ecranen ze fërderen, huet d’Ministère fir National Educatioun, Kanner a Jugend Recommandatioune fir déi verschidden Altersgruppen erausginn. Dës Richtlinne baséieren op den Aarbechte vum DokterSerge Tisseron, engem franséische Psychiater an Dokter an der Psychologie, deen d’Buch « 3-6-9-12+ Apprivoiser les écrans et grandir » (éditions Érès, 2024) geschriwwen huet. Zanter enger 15 Joer mécht den Dr. Tisseron d’Ëffentlechkeet op d’Gefore vun den Ecrane fir kleng Kanner opmierksam.

0-6 Joer
Kanner vu manner wéi dräi Joer léieren haaptsächlech duerch Sënneserfarungen an tëschemënschlech Interaktioune mat Erwuessenen an anere Kanner.
Vun dräi Joer u kënnt Dir no an no digital Contenuen an d’Aktivitéite vun Ärem Kand aféieren.
6-12 Joer
Wann Äert Kand an den 2. Zyklus vun der Grondschoul kënnt, brauch et nach Är Begleedung bei digitale Contenuen.
Äert Kand vun 9 Joer gëtt méi onofhängeg a gëtt besser mat sengem direkte Ëmfeld eens, mee et ass awer nach net räif genuch, fir d’Gefore vum Internet aleng aschätzen ze kënnen.


> 12 Joer
D’Pubertéit ass eng entscheedend Phas an der Entwécklung vun Ärem Kand a senger Autonomie. Et bleift wichteg, kloer Reegelen fir d’Notzung vun digitale Geräter opzestellen.
Dir hutt Äert Kand vu Klengem u Schrëtt fir Schrëtt beim Gebrauch vun digitale Geräter begleet. Elo ass et an der Lag, si méi autonom ze benotzen. Bleift wiederhin opmierksam, besonnesch wat d’Notzung vun de soziale Medien ubelaangt, d’Deele vum Privatliewen online an d’Ausufere vun der Bildschiermzäit.
Elteren
Mir als Elteren: mam gudde Beispill virgoen
D’Ecrane si bal an allen Aspekter a Momenter vum Alldag present. Mir checken eis E-Mailen, liesen eis Messagen, browsen duerch d’sozial Medien, kucken ee Video nom aneren, ouni et wierklech ze realiséieren. D’Notifikatiounen op eisem Smartphone kënnen dozou féieren, dass ee laang op den Handy kuckt an net matkritt, wat ronderëm ee geschitt, woubäi een eigentlech just op d’Auer kucke wollt. Kanner léieren allerdéngs vill duerch d’Observéieren an d’Nomaache vu Verhalensweise vu Leit aus hirem Ëmfeld, besonnesch vun hiren Elteren. Wa mir eis eegen digital Gewunnechten analyséieren an upassen, kënne mir ee gutt Virbild fir eis Kanner sinn.
Recommandatiounen:
- den Ëmgang mat Ecrane wärend der gemeinsamer Zäit an der Famill, z. B. wärend de Molzechten, aschränken;
- eis Gewunnechten am Ëmgang mat den digitalen Geräter verbesseren;
- Kannersécherungsoutile benotzen an un Informatiounsatelieren deelhuelen, déi z. B. vum Eltereforum oder vu BEE SECURE proposéiert ginn.
